MLG - PRISE EN MAIN IPAD

Wéi kommen ech an de WebUntis?


Um Computer:

Du gees op d’Säit webuntis.mlg.lu a klicks uewe riets op IAM.

Da loggs du dech mat dengem IAM (XxxYy123) an dengem Passwuert an.




Um Handy/Tablet:

D’Applicatioun vum WebUntis fir Apple an Android heescht Untis Mobile.

Fir Untis Mobile op engem portable Gerät kënnen ze benotzen muss dëst Gerät fir d’éischt vum WebUntis op engem Computer fräi geschalt ginn. Dofir loggs de dech fir d’éischt um Computer an de WebUntis an. Da gees de op däi Profil andeems de op den Icon klicks, deen um Bild ze gesinn ass.

Do klicks de op Freigaben an dann op Anzeigen

Da wiels de an der App um Handy oder Tablet QR-Code scannen aus a scanns domat de Code, deen um Computer ugewise gëtt. Du gëss elo automatesch ageloggt a kriss däi Stonneplang ugewisen.

HOME