Inscriptions 2025/26

Maacher Lycée

Entrepreneuriat am Maacher Lycée – Let’s talk about entrepreneurship 2025

D’SchülerInnen vu de Klasse 4C/CL1, 4C2, 4GIG, 4GSN, 4GSO1, 4GSO2 a 4TPCM hunn den 8. Juli 2025 un der 4. Editioun vum Event „Let’s talk about entrepreneurship“ am Festsall vum Maacher Lycée deelgeholl.

Dëse Event ass d’Suite vun enger Rei Projete ronderëm dem Thema „Entrepreneuriat“, déi am Schouljoer 2024/2025 am Lycée organiséiert goufen. D’Zil bleift et, de SchülerInnen d’Welt vum Entrepreneuriat méi no ze bréngen an si ze motivéieren, sech vläicht an Zukunft selwer op den Wee an d’Beruffsonofhängegkeet ze maachen.

Moderéiert gouf dësen Owend wéi gewinnt vum Jean Junck, externe Expert vum Maacher Lycée, deen och dëst Joer fir eng professionell a lieweg Atmosphär gesuergt huet.

Als éischten Invité war de Daniel Kohl, Direkter vum Cluster for Logistics, mat dobäi. Hien huet de SchülerInnen eng spannend Presentatioun iwwer den aktuellen Zoustand, d’allgemeng Entwécklung an d’Zukunftsperspektive vum Logistiksecteur zu Lëtzebuerg gebueden. Besonnesch gutt ukomm sinn och seng perséinlech Anekdoten aus sengem Beruffsliewen, déi de Virtrag net nëmme informativ, mee och extrem lieweg a motivéierend gemaach hunn.
Uschléissend huet de Thomas Schmitt, Mataarbechter vum Personalbüro vun der LUXPORT Group, de SchülerInnen en Abléck an d’Struktur an d’Aarbecht vun dëser Firma am Hafen vu Mertert ginn. Hie konnt mat ville konkreten Fakten a beandrockende Zuelen aus der Welt vum Schëffsverkéier a maritimem Transport iwwerzeegen. Fir déi Jonk war et eng super Geleeënheet, méi iwwert d’logistesch Infrastrukturen an d’Roll vu Lëtzebuerg am internationale Gidderverkéier ze léieren.

Zum Ofschloss gouf et fir d’SchülerInnen nach e klengt Quiz, bei deem si hiert Wëssen an d’Opmierksamkeet vum Dag kënnen ënner Beweis stellen. Trotz dem Fakt, dass et sech ëm de virleschten Schouldag vum Joer gehandelt huet, hu si sech engagéiert gewisen a matgemaach – eng flott Belounung fir hir Gedold an Interesse.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun vum „Let’s talk about entrepreneurship“ am Schouljoer 2025/2026.

Presentatioun Ben Thuy

De Paléontolog Ben Thuy vum Naturmusée (MNHN) war rezent am MLG op Besuch. Hie koum fir de Schüler*inne seng spannend Aarbecht am Beräich vun der Paléontologie méi no ze bréngen an hinne säi perséinleche Werdegang ze erklären. Seng Präsentatioun war informativ an inspiréierend – d‘Schüler*inne waren ganz begeeschtert an hu vill Froen gestallt. Eng flott Geleeënheet, fir méi iwwert d’Fuerschung an déi faszinéierend Welt vun de Fossilien ze léieren!

"Sorbäh" huet et gepackt!

Déi lescht Méint huet d’Mini-Entreprise Sorbäh zesumme mat der Pâtisserie Schiltz iwwer 1000 Dëppercher Sorbet aus Anti-Gaspi Uebst hiergestallt an e groussen Deel dovu scho verkaaft.

Gëscht war déi grouss Finall wou déi 16 bescht vun 117 Entreprisen dem Public an dem Jury nach emol konnte weise wat si d‘ganz Jaar iwwer geleescht a geléiert hunn.

Sorbäh aus dem MLG konnt iwwerzeege mat hirem Éiergäiz, der héichwäerteger Qualitéit vum Produit awer virun allem hirer klorer Missioun.

Dofir goufen si direkt mat 2 Präisser belount:

Den „Responsible Consumption Award“ an den „Public Choice Award“ konnten si mat op Maacher bréngen. Dëst weist dass en nohaltege Projet net just wichteg ass mee och beim Public gutt ukënnt.

Merci jidderengem dee Sorbäh op hirer Rees ënnerstëtzt huet.

"Babel heureuse" mat der 6P1

Den 21.Mee huet d’Klass 6P1 am Kader vum Kulturrallye 2025 a Begleedung vum Danielle Ewen a Brigitte Laschette d’Ausstellung „Babel heureuse“ am Luxembourg City Museum besicht.

D’Ausstellung huet de Schülerinnen a Schüler interessant Ablécker an d’Thema vun der Méisproochegkeet an der kultureller Diversitéit ginn, déi op eng spannend Aart a Weis gewisen an erkläert gouf.

Nieft der Visitt vun der Ausstellung hunn d’Schülerinnen an d’Schüler och vill Informatiounen iwwert déi verschidden handwierklech Beruffer kritt, déi am Musée ausgeübt ginn. Sou krute si d’Aufgaben vun engem Techniker, Usträicher, Plotter an Elektriker méi no bruecht. D’Klass krut deemno e gudden Abléck an d’Aarbechtswelt hannert de Kulisse vun engem Musée.

D’Visitt war eng wäertvoll Erfarung fir eis Schülerinnen a Schüler, well se kulturellt Léiere mat berufflecher Orientéierung verbonnen huet.
Mir soen dem Luxembourg City Museum villmools Merci fir dëse flotte Moien.

A la découverte de l’esprit livre

Le 28 avril 2025, une dizaine d’élèves des classes de 7C1 et 7C2, passionnées de lecture, ont eu l’opportunité de visiter la librairie Ernster, accompagnées de leurs professeures de français Nadja Schoellen et Sophie Stelet. Cette sortie a permis à ces lectrices curieuses de plonger dans l’univers du livre et, de découvrir de nouveaux ouvrages.

Les élèves et leurs enseignantes tiennent à remercier le libraire Laurent pour ses conseils de lecture palpitants qui ont su nourrir leur envie de lire.

<
>

Galeries Photos

Cours du soir

Guide iPad

Contactez-nous:

Nom:
Prénom:
Adresse mail:
Message:
Entrez les lettres visibles au-dessus:


Événements futurs:

Cliquez ici pour tous les événements MLG

BTS - Date limite de réinscription - semestre d'hiver - Promo 24 et antérieures

Date: 28-07-2025
Toute la journée

Date limite de réinscription - semestre d'hiver - Promo 24 et antérieures

Cliquez ici pour tous les événements en rapport avec le BTS

En poursuivant votre navigation sur notre site, vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d'améliorer votre expérience utilisateur et de vous offrir des contenus personnalisés. Vos données personnelles resteront strictement confidentielles. (Détails)

J'accepte